Gamer Things

Gamer Things

Gamer Things

Episod 46 - Redfall de beschte Lootershooter zënter Anthem

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den neien The Legend of Zelda steet an de Startlächer a mir gi scho mol ganz gär eis Prognosen dozou of. Mee leider hu mir net nëmmen schéin Themen dobäi. Well Redfall konnt net onbedéngt glänzen. Wat dann do alles schif gelaf ass an op wat mir eis bei The Legend of Zelda alles freeën, erzielen mir iech an dëser Episod.

XDEFIANT vs COD, SUPER MARIO brecht Rekorder an en neien MMORPG vu BLIZZARD?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Mike huet sech mat XDefiant den neie Call of Duty Killer vun Ubisoft ugekuckt an zielt seng éischt Andréck, de Petz disst einfach de ganze Genre. Den neie Super Mario Film brecht Rekorder wat d'Verkafszuelen ugeet, mee ass en da wierklech sou gutt? A schafft Blizzard mat hierem "Survivalspill" Odyssea net a Wierklechkeet heemlech un hierem nächsten MMORPG? Alles dat a vill méi an deser Episod.

Episod 40 - De Bréif fir an Hogwarts ass ukomm

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Hogwarts Legacy ass erauskomm an mir hunn eis mol alles ganz genau ugekuckt. Dozou ass endlech Season 2 vun Call of Duty erauskomm. A wat do alles geännert huet, dat erziele mir iech an der neier Episode Gamer Things.

Episod 39 - Gestëppel, Gezauber, Gemetzel a Geligen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eis Jonge schwätzen haut iwwert déi schéi Welt an éischt Andréck vum neien Harry Potter Spill: Hogwards Legacy, iwwert d'HBO Serie The Last of Us. De Marc schwärmt vum Gemetzel an Dead Space an den Petz erzielt iech iwwert den "The Day Before" Debakel.

Episod 38 - Gaming-Industrie an de Laberenten? BF2042 endlech "OK"? Weltfridden?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

A ville Gaming-Firmen brodelt et, bei Verschiddenen ass et schon iwwergelaf. Eis 3 Experte lamentéieren iwwert déi rezent Entloossunge bei Microsoft a Co. an déi méiglech Konsequenzen. Och gëtt driwwer argumentéiert ob Battlefield 2042 dann lo sou lues "ganz OK" ass, a wéi gewinnt ginn et och rëm e puer Andréck an déi privat first world problems deenen de moderne Gamer hautesdags géigeniwwer steet. Vill Spaass mat der Sendung a good game.

Episod 37 - Neit Joer, nei Games

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wéi gëtt wuel d'Joer 2023 am Gaming Beräich? Wat iech am neie Joer erwaart an op wat mir eis am meeschte freeën, dat héiert dir an dëser Episod Gamer Things...

About this podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Subscribe

Follow us