Gamer Things

Gamer Things

Gamer Things

Episod 36 - Gaming oder Philosophéieren?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jongen hu sech ganz ambitionéiert virgeholl iwwert d'Game Awards an iwwert déi beschten Spiller 2022 ze schwäetzen, hunn awer dono ganz vergiess iwwert d'Game Awards an iwwert déi beschten Spiller 2022 ze schwäetzen. Philosophéieren an der Gamer-Selbsthilfegruppe.

Episod 35 - WOW Dragonflight a Callisto Protocol, zwou Iwwerraschungen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Déi nei Erweiderung fir World of Warcraft ass endlech do, a mir sinn iwwerrascht iwwert dat wat Blizzard hei ofliwwert. Och iwwerrascht si mer iwwert The Callisto Protocol. Wéi eng vun den zwou Iwwerraschungen da lo eng schéin ass, vill gerants iwwer Streaming-Säiten, an de Petz erliichtert sech enges düstere Geheimnis... alles dat a vill méi des Woch an der Sendung. Vill Spaass a good game.

Episod 32 - SILENT HILL a RESIDENT EVIL Hype fir HALLOWEEN

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ist die Katze aus dem Haus, tanzen die PC-Mäuse? Gëtt et eng besser Zäit wéi Halloween fir iwwer Horrorspiller a Filmer ze laberen? Mir fannen net. Mat Silent Hill a Resident Evil hunn direkt zwou vun de gréissten Horrorfranchisen am Gaming Presentatiounen iwwert hier Zukunft gehal. Dëst hunn eis Nerds sech natierlech ugekuckt an deele mat Iech hier Iwwerleeungen a Spekulatiounen. Vill Spaass mat dëser Episod, a bis geschwënn.

Episod 30 - LGX, Modern Warfare an Metal:Hellsinger

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jonge vu Gamer Things waren op der LGX! Déi gréissten Gaming Foire vu Lëtzebuerg! Wéi gutt et hinnen do gefall huet, an wat si alles erlieft hunn an och e bësse konstruktiv Kritik fannt der hei an der neier Episod Gamer Things! Natierlech hunn si sech och d'Modern Warfare Beta net entgoen gelooss an iwwert den GTA6 Leak diskutéiert! Lauschtert eran!

About this podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Subscribe

Follow us