Gamer Things

Gamer Things

Gamer Things

Episod 56 - ASSASSIN'S CREED MIRAGE a MODERN WARFARE 3

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mat Assassin's Creed Mirage a Modern Warfare 3, wëllendirekt zwou vun de laangbewährteste Gaming Franchisen domat Punkten erëm an nees "back to the roots" goen. Ob et hinne geléngt, an ob dat dawierklech ëmmer gutt ass, doriwwer a villes méi philosophéieren eis 3 Manetten.Lauschtert ran, schwätzt mat, a genéisst di schéin Hierschtfaarwen déi lues alues zur Geltung kommen ;) Vill Spaass.

Episod 55 - Hierschtufank mat Starfield a Cyberpunk

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jonge vu Gamer Things mierken, dass ENDLECH de Summer eriwwer ass, an se ongestéiert doheem zocke kënnen, ouni ee schlecht Gewëssen an en iwwerhetzte PC ze hunn! Starfield, Cyberpunk a Resident Evil 4 maachen daat och ganz angenehm.

Episod 54 - GAMESCOM Review a STARFIELD / BALDUR'S GATE 3 Double Rpg Release

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eis kleng Summerpaus ass eriwwer, a wat gëtt et besseres fir di lescht Sonnestralen ze verjoe wéi di gréisste Gaming Convention op der Welt? Mir loossen d'Ukënnegunge vun der Gamescom Revue passéieren, a ginn eisen éischten Androck vu Starfield, dem neie Bethesda Blockbuster sou wéi och de Game of the Year Contender Baldur's Gate 3. An natierlech gëtt et och rëm de Fan-Favorite: Lëschtegt GEPLÄNKEL!
Vill Spaass a loosst eis gären äre Feedback hei. GG

Episod 53 - De grousse Filmspecial

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mëttlerweil ginn et super vill Videospill-Verfilmungen an och Serien dozou. Wéi eng eis Liblings-Verfilmunge sinn a wat fir eng fir eis déi Schlechtste sinn, erziele mir iech an dëser Episod...

Episod 52 - IMPAKT VUN AI OP VIDEOGAMES - Ai Special Episode

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jungs schwätzen, spekuléieren an erënneren un di kënschtlech Intelligenz an de Videospiller. D'Gamer kennen se io elo schonn sou laang wéi et Videospiller ginn, mee wat fir een Impakt huet déi modern "AI" dann op d'Industrie an op de Konsument? Eng Spezial Episode fir matzeschwätzen!

Episod 51 - Miese Summer fir déi eng, perfekt Gamer-Wieder fir déi aner

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Zwee Spiller hun an de leschte Wochen en enorme Succès fonnt, BATTLEBIT Remastered an Only Up! A wie wonnert et? Et gëtt vläit nees déi eng oder aner onerwaarte Meenung vun eisen 3 Podcastagnetten.

The Crew Motorfest, Ratchet and Clank, an Tinykin sin aner Spiller iwwert déi mer och e bësse schwätzen, sou wéi och rëm e ganze Koup lëschtegt Gebraddels, sou wéi eis Zuschörer et gewinnt sinn.

Episod 49 - Gollum ass de Wahn, Call of Duty Timeline an Diablo 04

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jonge vu Gamer Things maachen sech Gedanken doriwwer, wéi ee Spill wéi The Lord of the Rings: Gollum am Joer 2023 kann op den Marché kommen an den Petz versteet d'Timeline vu Call of Duty net. Ausserdem maachen si sech Gedanken iwwert d'Filmwelt a schwätzen iwwert SSMM. Wann der net wësst wat daat heescht, dann "hereingehört"!

Episod 48 - E3 oder NEE3, dat ass d'Fro

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Och wann d'E3 offiziell net méi stattfënnt, hunn all di grouss Publisher an Developer di lescht Woch hir Summer Showcase presentéiert. Obwuel eis 3 Gamer d'Genéck am Jelli hate vum Slipknot Concert, hunn si sech natierlech alles ugekuckt a sech e puer Spiller rausgepickt iwwert déi se schwäermen (an "haten").

Episod 47 - PlayStation Showcase 2023

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir hunn eis déi éischt Playstation Showcase säit iwwer 600 Deeg ugekuckt. Konnt Sony domat en erfollegräiche Startschoss fir d'E3 Season ofginn? Mir laberen iwwer all dat Positiivt an dat Negatiivt vun dëser Presentatioun.

About this podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Subscribe

Follow us