Gamer Things

Gamer Things

Gamer Things

Episod 84 - CoD Black Ops 6, UBISOFT a BLIZZARD

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

CALL OF DUTY Black Ops 6 ass do, UBISOFT a BLIZZARD maache Money-shenaniggans.

Ee vun de Shooter-Spiller vun allen Zäiten ass endlech do. Eis Gaming-Jongen hunn den neie Call of Duty natierlech getest an zielen dir wat si dovunner halen. Donieft huet Blizzard awer och nach e kontroverse Montant fir Echtgeld rausbruecht an de Petz mécht seng Podcast-Kolleege mam neien NFT-Hit vun Ubisoft bekannt. A jo och si mussen, hoffentlech fir eng leschte Kéier iwwert d'Spill Concord schwätzen.

Vill Spaass a Good Game!

Episod 83 - Horror Oktober

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Horror Oktober mat Silent Hill 2 an aneren Titelen - egal op Game oder Film! Eis Gaming-Nerds haten zwar ufanks nach News um Programm stoen, mee duerch d'Gespréich ronderëm de Silent Hill 2-Remake sinn si an d'Oktober-Horroreuphorie geroden an hunn sech iwwert déi grujelegsten Erfarungen aus der Entertainmentbranche ausgetosch. Hunn si déi Schlëmmste genannt oder fält dir nach en Titel an deen si vergiess hunn?

Episod 80 - Concord ass schlecht an SW Outlaws ass esou schlecht wéi se soen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Negativitéit ass modern! D'Leit schéngen sou verwinnt, se kritiséieren mëttlerweil Alles! D'Jongen vun Gamer Things bléiwen do léiwer um Buedem an weiderhinn mam vollen Duechbléck. Concord, en AAA Game ass no 2 Wochen schon annuléiert. Black Ops présentéiert omni-movement, Star Wars Outlaws gett aus Loscht an Laun schlecht geschwaat an Black Myth Wukong weist (spillerech) dass et nach geet wann een well. Lauschtert eran an schwäetzt matt beim neien Episode Gamer Things!

Episod 78 - Summerlach? Zäit fir d'Update-Season

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir fëllen däi Summerlach trotz de schweessegen Temperaturen awer mat Genoss, andeems mir dir vun de gudden a schlechten Updates an der Gaming-Welt erzielen.

Op där enger Säit steet mat THE WAR WITHIN eng WOW Expansion virun der Dier an dem Marc säi Liblingsspill APEX PREDATORS kritt en Update.
Op där anerer Säit geet et leider ëmmer nach weider mat den Entloossungen an der Gaming-Industrie, et huet nämlech lo ënner anerem BUNGIE getraff.

Episod 77 - Throne and Liberty, Tempest Rising, Betas an Updates a villes méi!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Petz huet e Review iwwert d'Open Beta vun "Throne and Liberty", a verréit wat him ganz gutt gefall huet. Gëtt "Tempest Rising" den Impuls fir en RTS Revival? Den Update vun "Helldivers 2" an "No Man's Sky" gëtt beschwat, an doriwwer, dass SBMM villäicht awer eng Noutwennegkeet ass? Lauschtert/Kuckt an déi nei Episod vu Gamer Things eran!

About this podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Subscribe

Follow us