Episod 79 - Gamescom, Gamescom, Gamescom
Et war erëm Zäit fir d'Gamescom a genau dowéint gëtt et fir dës Woch nëmmen een Thema...
Gamer Things
Et war erëm Zäit fir d'Gamescom a genau dowéint gëtt et fir dës Woch nëmmen een Thema...
Mir fëllen däi Summerlach trotz de schweessegen Temperaturen awer mat Genoss, andeems mir dir vun de gudden a schlechten Updates an der Gaming-Welt erzielen.
Op där enger Säit steet mat THE WAR WITHIN eng WOW Expansion virun der Dier an dem Marc säi Liblingsspill APEX PREDATORS kritt en Update.
Op där anerer Säit geet et leider ëmmer nach weider mat den Entloossungen an der Gaming-Industrie, et huet nämlech lo ënner anerem BUNGIE getraff.
De Petz huet e Review iwwert d'Open Beta vun "Throne and Liberty", a verréit wat him ganz gutt gefall huet. Gëtt "Tempest Rising" den Impuls fir en RTS Revival? Den Update vun "Helldivers 2" an "No Man's Sky" gëtt beschwat, an doriwwer, dass SBMM villäicht awer eng Noutwennegkeet ass? Lauschtert/Kuckt an déi nei Episod vu Gamer Things eran!
Eis Gamer maachen sech Gedanken iwwert d'Gaming-Industrie, ënnert anerem iwwert de Release vum neie Looter-Shooter THE FIRST DESCENDANT, mee och iwwert d'Ukomme vum neien Doppel-Battlepass fir APEX LEGENDS. De Mike schwäermt awer och (zur Ofwiesslung) mol rëm iwwert ELDEN RING, et ass also net alles schlecht. ;)
D'Jungs klaatschen an traatschen iwwert den Downfall vun engem vun de gréisste Streamer dëser Deeg: dem Dr. Disrespect, den Elden Ring DLC a säi Reviewbash, ob dee gerechtfertegt war oder net. Dozou kënnt Tarisland, den Ënnergang fir WoW? Lauschtert eran, a schwätzt mat!
Microsoft, Ubisoft a Sony hunn nei Spiller virgestallt an dann si mir natierlech dobäi a ginn déi wichtegst Saachen zesummen duerch...
XDefiant ass endlech released. Ass et da lo den COD-Killer? Den Dream-Killer fir Fans vun Tango Gameworks, an anere Bethesda Studios ass op alle Fall Microsoft, déi weiderfuere mat hiren onduerchbléckbaren Decisiounen. Dat a villes méi wéi ëmmer mat eisen 3 NoobenBuben. Vill Spaass.
Dës Woch hu mer e Special Guest, den Danilo vu LuxPlay a mat him ënnerhale mer eis ënnert anerem iwwert den neien Assassins Creed Shadow, de Mike stierft mat engem Laachen am Gesiicht am Early Access vun Hades 2, mee mir schwätzen awer och iwwert den Zoustand vun der Gaming Industrie, deen duerch déi rezent Entloossunge bei Blizzard, an de Studio Opléisunge bei Microsoft weider an de Laberenten ass.
Et ass vill geschitt an der Lescht. Manor Lords erobert d'Häerze vun all Opbausimulatiouns Fan a Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert. Dëst an nach vill méi hu mir an dëser Episod ze beschwätzen.
D'Jungens vu Gamer Things iwwerleeën haut, wie wuel dru Schold ass, dass d'Publisher esou Saachen ofzéie, wéi elo Ubisoft mat Star Wars Outlaws, se staunen a schwäermen iwwert d'Fallout Serie an diskutéieren iwwert déi ëmstridden Entscheedung vu Blizzard an Overwatch 2 all Spiller dee flucht ze bannen. Dat an natierlech villes méi an dëser Episode Gamer Things!