Gamer Things

Gamer Things

Gamer Things

Episod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 94 - ASSASSINS CREED SHADOWS Top? AI-LEAKS Flop?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Liewen.

De Petz huet och Gebuertsdag a gëtt ural. Mat Chance (an engem staarke Brëll) erkennt en nach deng Wënsch déi s du him kanns hannerloossen :D

Episod 93 - MONSTER HUNTER WORLDS A BATTLEFIELD 6 LEAKS

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.

Episod 92 - Sony State of Play

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ganz gespaant hunn d'Jongen sech all déi nei an net sou nei Titelen aus der Sony State of Play ugekuckt an sech Gedanke gemaach wat dann sou ze erwaarden ass, a wat da léiwer net. Lauschtert oder kuckt eran, schwätzt matt an de Kommentarer oder loosst hinnen e Moien! Vill Spaass!

Episod 91 - KINGDOM COME 2 a CIV 7, ee Fest fir Sim-Fans?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Nieft enger Rei "Rants" iwwert den Zoustand vu verschidde Videospill-Franchisen, freeën sech eis Gamer awer iwwer zwee grouss Releasen, déi an de Startlächer stinn. Kingdom Come Deliverance 2 a Civilization 7 sinn alle Béid Blockbuster an entgéint de rezenten Trends, schénge béid gutt unzekommen. Dëst a villes méi wéi gewinnt an der neier Episod vun eisem Podcast Gamer Things.

Episod 90 - Xbox enttäuscht a Nintendo presentéiert Switch 2

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 89 - Marvel Rivals an Elon Musk

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt!

Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméiert?

Episod 88 - Déi grouss Zeréckkuck 2024

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jonge vu Gamer Things hunn dat lescht Joer Revue passéiere gelooss.

VILL LUCK+20 AM NEIE JOER! Mir hunn et iergendwéi gepackt: 2024 ass eriwwer a mir kucken zeréck op d'High- a Lowlights vun de leschten 12 Méint. E bëssen After-Christmas-Gelabbers dierf natierlech och net feelen. Mir hoffen du has ee gudde Rutsch a mir freeën eis drop dech och 2025 weiderhin amüsant iwwert Gamingwelt z'informéieren. GG

De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 87 - Bombastesch Game Awards

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Lescht Woch goufen d'Game Awards zu Los Angeles verdeelt.

Mir hu bombastesch Game Awards hannert eis, mee trotzdeem ginn et divers Kontroversen déi beschwat musse ginn...

De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 86 - Vill Neies bei SONY an d'Game Awards

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

SONY mat allerlee Neiem an d'Game Awards sti virun der Dier!

Sony léisst vill vun sech héieren an der Lescht an dat mat engem eventuelle Kaf vum Publisher FromSoftware, enger neier Handheld-Konsol a Cloudgaming op der Playstation Portal! Dobäi dierfen d'Nominatioune vun de Game Awards 2024 awer net ze kuerz kommen. De Mike an de Marc kucken iwwert d'Lëscht a ginn hire Pefferkär bei all Kategorië bäi.

Dat a villes méi erwaart dech an der neier Episod vu Gamer Things.

About this podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Subscribe

Follow us