Gamer Things

Gamer Things

Gamer Things

Episod 16 - Spiller déi Konscht sinn!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir hunn iwwert déi wonnerbar Landschaften vun Horizon II: Forbidden West, iwwert Flashbacks vun Dying Light an onmoosseg laang iwwert SIFU geschwat. An och haut erëm Battlefield mam Motto: "wéi schëppt een säin Gruef ëmmer méi déif?!"

Episod 15 - APEX Update, COD VANGUARD, Skill-based Matchmaking suckt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Des Woch schwäermen eis 3 Gamer iwwer al Zäiten awer och iwwert den neien Update fir Apex Legends, de Winmi huet sech awer rem vun engem COD kreie geloss, mee et gëtt och eng Diskussioun iwwert den allsäits onbeléifte Skill-based Matchmaking. Dat a villes méi an dëser Episod.

Episod 14 - De gréissten Deal an der Entertainment Branche

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De gréissten Deal an der Entertainment Branche ass iwwert d'Bün gaangen. An doriwwer gëtt et méi ewéi genuch ze schwätzen. Wat eis Impressiounen iwwert den Deal sinn a wéi mir eis elo d'Zukunft vun Activison virstelle gesitt dir hei bei Gamer Things.

Episod 13: Dei nei Sony VR2!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Vill Gléck am neien Joer! Wat gouf dann esou iwwert Chrëschtdeeg gezockt? Sony presentéiert seng nei VR mam beschten Numm deen een dofir auswielen kann: Sony VR2 ! Eisen Battlefield 2042 Rant gëtt esou lues zum Running-Rant an et ginn nach eng Rëtsch interessant Leaks, déi dëst Joer eventuell zu engem Top Joer am Gaming kéinten maachen.- raumt är Festplatten, huelt äerch Zäit. 2022 ass lancéiert!

Episod 12: D'Game Awards

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Game Awards si laascht an dobäi krute mir ganz vill Traileren ze gesinn. Wat mir dann dovun halen a wat eis am Joer 2022 erwaart, dat gesitt dir an dëser Episod Gamer Things.

Episod 11: RECKBLECKEND MUSS EE SOEN...

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

... 2021 war definitiv e Joer. E Joer an dem och erëm Spiller rauskomm sinn. Wéi eng waren da fir eis 3 Gamer Topps a wéi eng Flopps? Doriwwer gëtt diskutéiert. Maacht mat a schreift eis wat fir Iech dann déi flottst (oder miesst) Gaming-Erënnerung vum Joer? Vill Spaass mat dëser Episod.

Episod 10: HALO KLINGT, BATTLEFIELD STINKT GTA LEGT EIN EI

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jonge vu Gamer Things diskutéieren iwwert déi grouss Releasen am November. Dorënner dat laang erwaardend Battlefield2042 den alljärleche Call of Duty, an den Release vum Halo: Multiplayer. Awer och GTA Devinitive Edition an Edlen Scrolls a villes méi! Dës Folleg leider ouni de Petz, mee deen ass sécher déi nächste Kéier erëm dobäi!

Episod 8 - Battlefield 2042 Beta Versioun Review

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Impressioune vun der Battlefield 2042 Beta. Erwaart eis do endlech erëm en Battlefield op daat mer sou laang gewaart hunn oder gesinn do en rise Flopp op eis zoukommen? Wat gutt gaangen ass a waat definitif nach muss geännert ginn! Zéckt net alles nach dobäi ze schreiwe wat mer eventuell vergiess hunn, wou der eis Recht gitt a wou mer ärer Meenung no total dernieft leien!
Vill Spaass!

Episod 7 - NEW WORLD, Kena Bridge of Spirits an Hierschtgefiller

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Amazon huet mat New World en neit MMORPG erausbruecht a brécht Rekorder. Ausserdeem huet den Hierscht ugefaange an dat mécht eisen 3 Gamer nach méi Loscht ze Gamen, dat awer ënnert der Decken a mat enger gudder Taass Téi.
Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod.

About this podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Subscribe

Follow us