Gamer Things

Gamer Things

Gamer Things

Episod 119 - High Guard geet a MIDNIGHT kënnt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Komplett onerwaart, wéi aus heiterem Himmel, e reegelrechte Schock... si Sätz, déi een net wierklech mam Enn vun High Guard a Relatioun bréngt. World of Warcraft bréngt do dergéint mat Midnight eng nei Erweiderung eraus, Resident Evil 9 schléit a wéieng Bomm a Marathon fënnt méi Uklang wéi erwaart. Vill Spaass a good game wënschen d'Jonge vu Gamer Things mat der neitster Episod.

Episod 118 - PHIL SPENCER, STATE OF SONY a CRIMSON DESERT

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Phil Spencer geet an d'Pensioun an d'XBox a Richtung AI-Hell? Sony huet op der éischter Editioun vun hirem State of Play vun 2026 eng Rei Spiller gewisen a fir déi eng an aner Iwwerraschung gesuergt. A mat Crimson Desert kënnt ganz geschwë vläit schonn de Main Contender fir d'Game of the Year eraus. Dat a villes méi, wéi gewinnt bei eise low-cortisol Gamer vu Gamer Things.

Episod 117 - Ze vill Haass an der Gaming Welt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod geet et ëm de Schluss vun Ashes of Creation a wéi World of Warcraft weider um MMO-Troun sëtzt. Dann huet dat neit Spill Highguard nach fir Schlagzeile gesuergt a wat mécht AI elo nach alles an der Filmindustrie? Dat a villes Méi wéi gewinnt mat eise Jongen aus der Gaming-Zeen an der neier Episod vu Gamer Things.

Episod 116 - FABLE kënnt an ARC RAIDERS geet?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir hunn eis d'XBOX Developer Direct vum Januar ugekuckt an u sech waren et mat FABLE, Forza Horizon 6, Beast of Reincarnation a KILN lauter Banger. De Marc huet awer mat enger schwéierer Trennung mat ARC RAIDERS ze kämpfen. Wat et domat op sech huet an ob hien elo trotzdeem nach offiziell als "Gamer" bezeechent dierft ginn, gëss du an dëser neier Episod vu Gamer Things gewuer. Mee natierlech gëtt et net nëmmen dat, mee et ginn nach vill méi Saachen z'entdecken. HAVE FUN!

Episod 115 - Alles Guddes 2026

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dat neit Joer huet ugefaang a well dëst e Podcast mat mëttelale Männer ass, ass aus dem geplangte Preview op 2026 eng Jéimersessioun ginn... genuch gelaacht hu mer trotzdeem erëm an dat eent oder anert d'Spill ass awer méi genee ënnert d'Lupp geholl ginn.

Episod 114 - De Joresréckbléck 2025: Wat waren d'Highlights

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

2025 ass duerch an et war alles, mee just net langweileg. An dëser Episod vu Gamer Things kucke mir zeréck op d’Gaming-Joer 2025. Dat heescht mir kucken op déi gréissten Highlights, op déi Spiller, déi eis komplett zerstéiert hunn an och op déi Titelen, déi eis positiv iwwerrascht hunn. Mir schwätzen iwwer Spiller, déi nei Standarde gesat hunn, iwwer staark Story-Momenter, süchteg Gameplay-Loopen an eng Technik, déi gewisen huet, wéi d’Rees an der Gaming-Welt an Zukunft wäert ausgesinn. Wat war Game of the Year-Material? Wat ass bei eis hänke bliwwen a wat éischter net?

Episod 113 - THE GAME AWARDS 2025 & Réckbléck op 2025

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Game Awards 2025 si laanscht an dat alt Joer geet och gläich op een Enn. D'Jonge vu Gamer Things hunn sech d'Awards genee ugekuckt, mee dat lescht Joer gouf awer och nach eemol genau ënnert d'Lupp geholl. Wéi ëmmer gëtt alles an enger nawell lëschteger Episod analyséiert. Mee wéi hunn deng Favoritten dann iwwerhaapt ofgeschnidden? A wéi huet däi Joer a Punkto Gaming ausgesinn? Schreif de Jonge vu Gamer Things gären ee Message mat denger Meenung an dengem Réckbléck.

Episod 112 - GAME AWARDS SEASON ass eröffnet

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Dezember huet ugefaang a soumat geet de Gaming-Endspurt an d'Startlächer. Mir kucken eis d'Nominatioune fir d'GAME AWARDS un, bedeelegen eis un den neie Gerüchter ronderëm d'Half Life 3 an de Petz huet een Deel vu senger Séil verluer, well hien den neien Trailer fir Destiny 2 Renegades gekuckt huet.

Episod 111 - COD: ee Black Flop 7 dofir ARC RAIDERS um Top?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den neie Call of Duty ass endlech do an ass sengen Erwaardungen eigentlech zimmlech gerecht ginn an dat muss net onbedéngt eng gutt Saach sinn. Arc Raiders dogéint schéint anzeschloen, wéi eng Bomm an den Extraction Genre gëtt doduerch méi an de Mainstream  gedréckt. Natierlech hunn d'Jonge vu Gamer Things sech och schonn hannert den neien ANNO 117 Pax Romana gesat. Des Weideren ass de Petz traureg, dass The Outer Worlds 2 net genuch gelueft gëtt. Dat a villes méi gëtt et wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.

Episod 110 - AI Spezial 2: Wat gëtt et Neies?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Haut gëtt et alt eemol erëm een Update aus der Welt vun der kënschtlecher Intelligenz. Et gëtt spekuléiert, assuméiert a philosophéiert an dat iwwert déi neitsten Updates, déi eis d'AI-Welt esou ze bidden huet. Ass wierklech alles nëmme gudde Fortschrëtt oder sollte mir méi virsiichteg mat eiser Euphorie ëmgoen? Schwätz roueg mat!

About this podcast

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Subscribe

Follow us